
Motor-Miwwelen
Niddregen Dësch V12-Motor Lamborghini
E komplette V12, vergëllte Kollekteren a polierte Pistonen, ënner enger Glasplack.
4 830 €TTC6 900 €
Unikat
- Dimensiounen
- L 110 × D 90 × H 45 cm (Plack)
- Gewiicht
- 230 kg
- Material
- Legierung, poléierte Stol, Gold-Finitioun, gehäert Glas
- Gratis Ofhuelen am Buttek zu Foetz, vu méindes bis samschdes.
- Schwéier oder fragil Stécker: nëmmen Ofhuelen am Buttek, oder Livraisoun op Devis.
D’Stéck
E komplette Lamborghini-V12-Block, auserneegeholl, gebotzt an dann als Miwwelstéck nei opgebaut: d’Usaugkollektere vergëllt, poléiert Pistonen a Pleuelen op béide Säiten opgeriicht wéi zwielef Kamäiner, Steierketten a Poulie siichtbar gelooss. D’Plack aus gehäertem Glas läit op de Spëtzte vun de Pistonen, ouni Vis an ouni Pech. Et ass e schwéiert an eenzegaartegt Stéck — de Motor gëtt seng Proportioune vir.



